Wëllkomm
Dëst ass e perséinleche Genealogiesite vum
Jean-Pierre Weidert, Lëtzebuerg. De Stammbam, dien Dir hei fannt, emfaasst
haaptsächlech Leit déi e Lien - vun no, méi wäit a ganz wäit -
mat eiser Famill hunn, awer och aner méi indirekt verbonne Linnen. Mäin
Haaptinteresse betrëfft d'Weydert / Weidert Linnen und hir méiglech
Verbindungen. D'Genealogiste ginn dovun aus, datt all dës Linnen op de
Weyderthaff bei der Fiels zréck ze féire sinn.
De Stammbam enthält haaptsächlech Linnen aus Lëtzebuerg an den
USA; eenzel Linne ginn och a Frankräich, Däitschland an d'Belsch.
Wo ufänken?
Wielt "Familljennimm" am Menü oder gitt e Numm an
de Sichformular an. Weider Informatioune fannt Dir op der
"Hëllef" Säit.
Sourcen
D'Donnéeën am Stammbam komme vun (a) eegene Recherchen
an de Por- an Zivilstandsregëster souwéi Vollekszielungen, (b) Familljenarchiver,
(c) Austausch mat Familljememberen a mat anere Fuerscher,(d) publizéierte
Stammbeem a Familljebicher an (e) Informatiounen, déi een um Spaweck
(Internet) ka fannen. De Stammbam op dësem Site enthält keng
Sourcen oder Notizen.
Perséinlech Donnéeën
D'Lëschte vu Persounen an Uertschaften, an nach e puer
aner Säiten, si fräi zougänglech. Fir den Accès op
detailléiert Persounen- a Familljendonnéeë muss een sech awer
umelden. Dir kënnt Iech e Benotzerkont op der
Umeldesäit ufroen. Kuckt och eise
wichtigen Hiwäis.
Kontaktéiert äis